Bei Accidenter an der Nuecht op e Freideg sinn 5 Persoune blesséiert ginn, esou déi lescht Berichter vum Corps Grand-Ducale d’Incendie et de Secours (CGDIS).

An der rue de Strasbourg an der Gare sinn um Freidegnomëtteg 2 Autoen anenee kollidéiert. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert.

Zu Moutfort koum et den Owend zu enger Kollisioun tëscht engem Bus an engem Auto op der Réimechstrooss, woubäi nach eng Persoun blesséiert gouf.

Géint 20.15 Auer sinn an der rue de Bascharage zu Kënzeg zwee Gefierer kollidéiert an zwee weider Persoune blesséiert ginn.

Géint 21.20 Auer huet um CR169 bei Féiz-Pontpierre en Auto gebrannt a kee Blesséierten.

Um Samschdeg um 01.30 Auer ass um CR120 zu Schoos-Engelsbierg en Auto iwwerrannt, eng Persoun blesséiert.